Scheckiwwerreechung an der Par Mamerdall St. Christophe

Zum Ofschloss vum Arbechtsjoer hat d'Par Mamerdall St. Christophe zu hierer traditioneller Open-Air-Familljemass op Keespelt agelueden. Um Uschloss un des flott Mass, gouf e Scheck vun 8.000 € un d'Fondatioun "partage.lu" iwwerreecht. Des Suën si fir en Ernährungsprojet am Kenia, deen de Mënschen am Distrikt Turkana hëlleft sech selwer ze ernähren. D'Madame Denise Richard huet als Vertriederin vu "partage.lu" de Scheck entgéint geholl an no e puer Erklärungen zum Projet, e grousse Merci gesoot fir dee generéisen Don. D'Suën sinn am Laaf vun dësem Arbechtsjoer duerch verschidden Aktiounen vun der Par gesammelt ginn. Dozou koumen dann awer och nach eenzel Don'en vu Privatleit, bei deenen besonnesch en Don vun 1.000 € vun der Sr. Modesta Sadler ervirgehuewe gouf. Déi flott Feier huet hieren Ofschloss fonnt mat engem Grillfest, mat deem glaichzäiteg den Ufank fir déi nächst sozial Aktioun vun der Par gemach gouf.