CSV Kielen - de Film fir d'Gemengewahlen 2011


Déi Kielener CSV presentéiert hir 11 Kandidaten, déi si an d’Gemengewahle vum 9. Oktober schéckt .

Et sinn dëst alleguerte buedemstänneg Leit, déi am Beruff wéi och an der Famill hir Fra resp. hire Mann stinn.

Vum Schraïnermeeschter an dem Direkter bis bei de Beamten, vun der Hausfra iwwert de Chef d’Equipe bis bei de Stagiaire, vum Fräiberuffler an dem Pensionär bis bei de Chef de train, ass d’CSV Equipe eng gesond Mëschung aus eiser Gesellschaft, ee geschlossent Team, wat sech mat vill Éiergäiz, engem Kapp voller Ideeën an engem gesonde Schotz Mënscheverstand fir hir Gemeng Kielen wëllt asetzen.

Een Deputeierten, esou wéi Schäffen- a Gemengerotsmemberen an eise Reie garantéiere politesch Erfahrung op nationalem wéi op lokalem Plang.

Si all trieden an, fir e soziaalt, wirtschaftlecht an ekologescht Mateneen.

All d’Uertschaften aus der Gemeng sinn op eiser Lëscht vertrueden, zéckt net an de nächste Wochen an Deeg äre resp. är lokal Vetrieder dobaussen unzeschwätzen.

Léiert eis och op de Wahlversammlunge kennen:

Kuckt op kehlen.csv.lu. Eise Site informéiert iech iwwert d’Aktivitéiten aus de leschte Wochen a Méint an offréiert eng flott Videopresentatioun vun de Kandidaten.


Kuckt och vun elo un owes den DOK fir méi gewuer ze ginn.