18. Join Motor Show

Den 21. an den 22. November 2015 war déi 18. Join Motor-Show an der LuxExpo um Kirchbierg.
Et gouf vill schéin awer och ganz aussergewéinlech Autoen oder aner Gefierer ze bestaunen, deemno en Must fir Auto- an Motofreaken. Occasiounsween, Sportween, Sammlerautoen, Oldtimer, Rennautoen, Motoen, jee all grouss a bedeitend Marque war hei vertrueden. Jo, op nei oder al, Accessoiren, Kleedung, geckeg Tuningen, Modellautoen déi op engem Circuit hir Ronnen gedréint hunn oder nach Stunts, alles war um Programm. D'Halen um Kirchbierg waren och deementspriechend gutt besicht.