Konveniat vun der LGL première B 1961: section industrielle


Klengbetten: No hirem erfollegsräichen Ofschloss vum Premièrsexamen am Jonge- Lycée- Lampersbierg am Joer 1961 war hiren éischten Konveniat vun der Klass LGL première B 1961: section industrielle gläich dat Joer drop an dat 1962. Duerno hun sech di fréier Schüler an onregelmässigen Ofstänn mi dacks erëm gesin. Viru kurzem koumen den Fred Lang an den Josy Mersch zum Entschloss nees e Konveniat ze organiséieren. Am Restaurant Bräiläffel zu Klengbetten hun si Freides, den 28. Oktober sech den deftigen Menü och gut schmache geloos. Ganz interessant war den Album, den un di fréier Zäiten erënnert huet an dobéi esou muench Anekdot konnt erzielt gin. Beim Abschied no e puer gemittlicher Stonnen waren si sech all eens esou engt Treffen an Zukunft op en Neis ze organiséieren. (CR) (Foto: Charles Reiser)