Asaz fir den Denkmalschutz

Generalversammlung vun der Biergerinitiativ "Quo vadis" Käerch


Enn Abrëll hat d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch seng Generalversammlung am gudd gefëllte Remigiussall afgehalen. No enger Minutt Gedenken un zwee verstuerwe Memberen huet de Prësident Fernand Toussaint d’Versammlung drun erënnert, dass zu Gëtzen d’Thommeshaus aus dem Joër 1777 am Kär vun der Uertschaft ofgerappt gin as. Dat Haus hätt nach esouvill Potential gehat fir restauréiert ze gin. Dat war och d’Meenung vun dene Responsablen vum Service des Sites et Monuments (haut INPA). De Prësident huet och nach zudéifst bedauert, dass en duebelt Wunnhaus direkt niewent d’Gëtzener Kapell geprafft gët wouduerch erëm eng Kéier de Charme vun der Uertschaft drënner leid.

De Sekretär Jean-Claude Muno huet den Aktivitéitsbericht virgelies während d’Aimée Steines der Versammlung d’Finanzlag duergeluecht huet, approuvéiert vun denen zwee Keessekontrolleren. De Jean-Claude Thies huet mam Powerpoint d’Konferenz begleet vum Anne-Marie Everard mam Titel « d’Hausnimm aus der Gemeng Käerch ». Dëse Virtrag as mat grousser Opmierksamkeet gelauschtert gin, well ganz vill nei Erkenntnisser duerch jorelaang Recherchen op d’Tapéit komm sin.

Erënnere mer drun, dass d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch Matbegrënner as vun der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun (LDF)