Generalversammlung vun der Biergerinitiativ "Quo vadis" Käerch

Viru kuerzem hat d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch seng Generalversammlung am prallgefëllte Remigiussall. De Prësident Fernand Toussaint huet nët gespuert mat Kritik un der Gemeng wat de Schutz vun historesche Bauwierker am Duerf Käerch ubelaangt. Amplaz ze suergen, dass dat gewuessent Duerfbild mat deene charakteristeschen Haiser erhale bleiwt, gin Haiser aus dem kommunale Schutz erausgeholl fir de Promoteuren ze erlaben eng « nullachtfünfzehn » Konstruktioun an d’Plaz opzeriichten. Nom gudd gefëllten Aktivitéitsbericht vum Sekretär Jean-Claude Muno huet d’Tresorière Aimée Steines eng gesond Keess kënne virweisen esou dass de Memberbeitrag konnt bäibehale gin. Duerch den Asaz vun der Biergerinitiativ an aneren Akteuren gin am Ament d’Grafplacken vun de Paschtéier Pastoret an Eyschen restauréiert. Dat selwecht soll och mat der Kierchendir geschéien déi duerch d’Witterung vill gelidden huet. No der eigentlecher Generalversammlung huet den Henri Carême, Docteur en histoire de l’art, eng interessant Konferenz gehalen mam Titel « Les peintres du XVIIIe siècle originaires, actifs ou établis dans la commune de Koerich : une découverte de leur vie et de leurs œuvres. »

De Comité setzt sech zesummen : Prësident Fernand Toussaint, Sekretär Jean-Claude Muno, Trésorière Aimée Steines. Membere sin : Anne-Marie Everard, Kai Goldstein, Dany Marquis, Jeff Nothum a Jean-Claude Thies.