D’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch op Besuch am Éislék

De 7. Oktober huet Quo vadis Käerch seng Memberen a Frënn op Äischer an d’Rackésmillen invitéiert, wou si vun engem Guide fachmännesch op d’Geschicht an d’Fonktionnement vun der historescher Millen agefouert goufen. No engem gudde Mëttegiessen am Restaurant vun der Millen ass et da mëttes weidergaang op Bënzelt an de Baueremusée. Och do hun zwee Guiden déi ganz Equipe ageweit an déi verschidde Sparten vum Bauerewiesen wéi Kéi sträichen, Botter maachen, d’Akellere vun Iesswueren asw. Gudder Déng ass d’Gesellschaft am spéiden Nomëtteg mat kultureller Beräicherung rëm heem gefuer.