Generalversammlung vun der Biergerinitiativ Quo vadis Käerch

Viru kuerzem hun sech d’Membere vum Veräin zu Käerch zesummefond fir déi obligatoresch Generalversammlung afzehalen. Quo vadis Käerch setzt sech zanter Joeren an fir d’Erhalen vum historesche Patrimoine an der Gemeng Käerch. Bei engem gudd gefëllte Sall huet de Prësident Fernand Toussaint seng Usprooch gehal, de Sekretär Jean-Claude Muno huet säin Tätegkeetsbericht an d’Aimée Steines säi Keessebericht virgedroen. Duerno huet de Prësident dem Pit Berscheid e Cadeau iwwerreecht, d’ “Unerkennung fir eng gudd Restauratioun 2023“. No der Paus huet de Jos Goergen eng interessant Konferenz gehal mam Titel: “Gossemaarken op der Belsch/Lëtzebuerger Grenz” déi groussen Uklank fond huet.