Fotos Ausstellung Photo-Club Käerch 1ten November 2019


Och dëst Joer hunn Leit de Wee bei de Photo-Club fonnt. Merci un jiddereen den do war !

Wat awer intressant war, dass Leit vill Gespréicher gesicht hunn mat den Auteuren vun de Biller. Spannend an Intensiv Gespréicher hunn sech do entwéckelt.

De President Guy Konsbruck vum Photo-Club Käerch sot zum Ofschloss vu sengem Artikel am Käercher Buet an op mywort.lu am Joer 2018 "...Mol kucke wat dann am Joer 2019 op der Ausstellung gewise gëtt!" an elo Här Konsbruck zefridde mat der Ausstellung 2019?"...

«Merci fir den Interessi. Mam Resultat wat gewise gouf wor ech ganz zefridden, souguer iwwerrascht well verschidden Auteuren et fäerdeg bruecht hunn op all Panneau een anert Thema ze abordéieren. Zousätzlech gouf experimentéiert an et goufen och Messagen eriwwer bruecht.»

Merci un Leit déi eng Hand mat ugepaakt hunn. Wafelen waren erëm «Lecker».

Bis dann nächst Joer.