Generalversammlung vun der Biergerinitiativ "Quo vadis" Käerch

De 5. Mäerz 2019 huet Quo vadis Käerch seng Memberen op hir uerdentlech Generalversammlung an de Remigiussall agelueden.

A senger Usprooch huet de Prësident Fernand Toussaint der Versammlung matgdeelt, dass Quo vadis dëst Joër zanter 10 Joër besteht an drun erënnert, dass d’Vereenegung sech huet missen aus dem Näischt eraus grënnen fir géint e Bauprojet virzegoën deen de Kär vun eiser schéiner Uertschaft Käerch verschampléiert hätt. Véiereckeg Këschte sténge genuch hei am Land.

D’Biergerinitiativ begréisst den aktuellen Ubäu un d’Gemengenhaus deen an d’Plaz stoe komm as vun der véiereckeger Këscht. Dat neit Gebai passt harmonesch an d’Duerfbild, as zäitlos schéin, an huet deen néidegen Touch fir enger Gemeng wüerdeg ze sin. De Riedner sträicht nach ervir, dass de Projet vum Architekt Colum Mulhern « bahnbrechend » wäert sin an hofft, dass deen do bäussen och Schoul mécht.

Den Tätegkeetsbericht huet de Sekretär Jean-Claude Muno gemaach an der Versammlung matgedeelt, dass mir e Stand mat Luxemburgensia esouwuel zu Mäerzeg bei der « Journée d’histoire locale » wéi och op de Walfer Bicherdeeg haten.

D’Trésorière Aimée Steines huet d’Versammlung wësse gedo, dass d’Caisse ganz gesond wär an dass de Veräin 107 Memberen opweises huet (Zwee nei Memberen sin nach am Laf vun der Versammlung dobäi komm).

Eng grouss Erausfuerderung fir 2019 an och nach déi Joeren duerno as de Projet vun enger Haiserchronik. Geplangt as e Buch als Noschlowierk erauszegin mat sämtlechen Haiser vu virum Krich mat hire Bewunner. Als konkret Beispill huet d’Anne-Marie Everard d’Haarpeshaus vu Giewel erausgepickt, well et dat Haus as wat den 1. Buergermeeschter vun der Gemeng Käerch gebaut huet an och selwer dra gewunnt huet. Dëst Haus huet eng laang Geschicht an as architektonesch eent vun denen zwee wertvollsten Haiser vu Giewel. D’Geschicht vun deem Haus a sengem Virgängerbäu geht bis ëm 1700 zréck. Et as dat Haus wat vun deemols un bis haut ëmmer nach an deërselwechter Famill as.

Am Zesummenhang mat der Hauschronik sicht Quo vadis nach Fotoën vun Haiser wéi se fréier ausgesin hun. Ween nach esou wertvoll Dokumentatioun hätt, sollt sech w.e.g. beim Anne-Marie mellen (Tél. 39 90 58). D’Fotoë kënnen op der Plaz gescannt gin, esou dass kee bräuch ze fäerten, dass ‘e seng Fotoën nët erëmkréich.

No der eigentlecher Versammlung huet den Emanuel De Lorenzi en Exposé iwwert d’Restauratioun vun engem Haus aus dem Joër 1903 gehalen. Dësen interessante Virtrag gouf vun der Versammlung opmierksam verfollegt an esou muenchereen huet eppes vum Conférencier sengen Erfahrungen mat heem geholl.