Mad. Edith Nothum-Lang; Éierepresidentin vun der Käercher Musek.

Samschdes den 13. Abrëll 2019 hat Käercher Musek hire Gala Concert an der Sportshal vun der Schoul. De Programm ënnert dem Titel «It’s Tea Time» hutt ons iwwert Britesch Insel gefouert.

Vir den Arnaud Meier war et den éischte Concert mat der Käercher Musek. Seng Musikante sollten den Dirigent net enttäuschen. Si hunn de Programm, de vum Publikum gutt ugeholl ginn ass, Excellent gespillt.

Als Optakt vum Concert ass «God save the Queen» gespillt ginn. Net manner wei 16. Stecker stoungen um Programm. Dovu war ee Stéck wat den Dirigent Aranaud Meier komponéiert huet, ënnert dem Titel «Fungie, le Dauphin Irlandais».

Programm ass presentéiert ginn, mat vill Humor, vun zwou Ladies (Christiane Steffes, Marie-Jeanne Gengler) an hirem Butler (Marcel Jost). Very British.

Dekoratioun vum Sall war gelongen. Vill Aarbecht, déi sech gelount hutt.

Wei gewinnt hunn Jonge vu «Rent a Tent» fir déi richteg Beliichtung gesuergt.

Dat war awer net alles. Presidentin vun der Käercher Musek, Mad. Tamy Scherer hat eng Iwwerraschung fir hir Virgängerin Mad. Edith Nothum-Lang.

Mad. Edith Nothum-Lang war 30 Joer am Comité vun der Musek, dovun 4 Joer als Vize Presidentin a 15 Joer als Presidentin.

Presidentin Mad. Tamy Scherer huet sech eng Éier doraus gemaach am Numm vum Veräin, Mad. Edith Nothum-Lang, als Éierepresidentin vun der Musek ze ernennen.

Domat huet ee gelongenen Owend ee wierdegen Ofschloss fonnt.


Den Erléis vun dessem Gala Concert ass vir «Association NARIN»