Oeuvre Musicale: «Château de Koerich»

Fir déi offiziell Aweiungsfeierlechkeete vum Gréiweschlass den 13. September 2019 huet Käercher Musek sech eppes ganz Spezielles afale gelooss. Am Opdrag vun der Musek huet de Komponist an Dirigent, Arnaud Meier, vun der Käercher Musek, ee Stéck komponéiert mam Titel «Château de Koerich».

Komponist Arnaud Meier iwwert säi Stéck: «Cette pièce originale raconte brièvement, humoristiquement et chronologiquement les différentes époques que ce château a vu défiler. Nous commençons avec sa construction lors du Moyen-Âge avec une musique religieuse type antienne. Nous continuons avec des périodes de guerres entre différents duchés puis la paix qui revient brièvement. Ensuite vient une période plus sombre lors de laquelle ce château était notamment utilisé pour y brûler des sorcières, traduit musicalement par un choral triste en mineur. S'en suit un léger apaisement avec un moment romantique lors de la période bourgeoise. Les années continuent à défiler en quelques décennies lors desquelles rien n'est fait au château et il tombe petit à petit en ruines. Enfin, nous arrivons à nos jours avec "aujourd'hui, la fête" (restauration et réouverture) avec une marche amusante à 3 temps. La toute fin de la pièce nous permet de présager encore de beaux jours de grandeur pour ce château.»

Noute vum Stéck sinn an enger Këscht eisem Buergermeeschter, Jean Wirion, vun der Presidentin, Tamy Scherer am Numm vun der Käercher Musek iwwerrescht ginn.

Këscht ass vun dem Gedanke gedroen dass spéider Generatiounen déi Këscht ob maachen, Nouten a Geschicht vun der Käercher Musek dra fannen. Enner anerem eng Historesch Foto aus dem Joer 1906, di éischt bekannte Foto vun der Musek. (Grënnung vun der Musek war am Joer 1903).

Text vun der Geschicht iwwert Musek ass vun eisem «Groens Pir» besser bekannt ënnert dem Numm Pir Kremer (Wikipedia.org/wiki/Pir Kremer). Huguette Lang huet den Text weider ergänzt bis an Neizäit. Konzept Jeff Nothum.

Ee besonnescht Kompliment huet eis Musek an den Arnaud vun der Madame Erna Hennicot-Schoeppges erhalen. (ënner anerem Kulturministerin an de Joren 1995-2004). Madame Hennicot an den Arnaud hunn op dem selwechte Conservatoire studéiert.

Mad. Hennicot huet dem Arnaud fir säi Stéck felicitéiert. Ee wonnerbar zesumme gestallte Programm den säin Orchester mat Bravour eriwwer bruecht huet!

Den «Oeuvre Musicale» ass gewidmet dem «Gréiweschlass», eiser Historescher Vergaangenheet, an de Bierger vun der Gemeng Käerch.

Text a Biller: Jeff Nothum