Theater Käercher Musek: "Männer am Hierscht".

Eng gutt Hand hat eis Theater Equipe wéi si sech entscheet hunn, d'Stéck "Männer am Hierscht" vum Bernd Kietzke (iwwersat vum Romain Pierrot), op der Bühn am Festsall zu Käerch ze presentéieren.

Et ass vill gelaacht ginn. Et huet een den Acteure d'Spielfreed ugesinn. Véier Mol stoungen si op der Bühn.

D'Publikum huet sech gutt amuséiert matt de Schicksalsgenossen, déi doheem erausgeflu sinn a sech hu mussen a miweléierten Zëmmer aquartéieren. Deen ee méi riicht eraus, de Buschauffer Charel (Nico Blitgen), do kennt et méi vun der Long op d'Zong an den Tristan (Yannick Hoffmann) leet seng Wierder éischter op d'Wo an ass méi op Harmonie beduecht. Dozou nach dën Här vum Haus, den Heng (Marcel Jost), dem ët och nit vill besser geet wéi denen zwéin Hausgäscht. Am Haus liewt nach d'Berta (Marie-Jeanne Gengler), d'Fra vum Haus, déi d'Box un huet an hier Duechter d'Liette (Jessica Fernandez), wat wees wat hatt wëll a sech gutt doduerch schléit. Dë Bréifdréier Jean Colis, genannt Stempel (Sven Jung) huet ën A op dat jongt Meedche geworf a muss matt allen Trickë géint der Mamm hiere Widerstand ukämpfen. Fir da schlussendlech alles an Opreegung zë brengen tauchen och nach dem Charel am Tristan hier Ex-Fraën Constance (Nessy Scherer) an Irina (Kamila Drouet) matt hierer Scheedungsaffekotin Vera Trenner (Sandy Stoltz) op. Ët gëtt ë schéinen Duergerneen an ën iwerraschendë Schluss.

Geflüstert huet d'Christiane Steffes, d'Regie loug an dën Hänn vum Huguette Lang a Jean Wirion.