Bei de Réimer zu Tréier

Déi dräi Veräiner „Mamer Geschicht asbl“, „Koplescht – fréier an hott asbl“ a „Kopleschter KulturASBL“ hate sech zesummegedoen a si mat engem Bus op Tréier an déi grouss Ausstellung „Untergang des Römischen Reiches“ gefuer. Do kruten d’Leit vun engagéierten a kompetenten Guiden déi zwou Ausstellungen am Landesmuseum an am Dommuseum gewisen an erkläert.

Esou sinn d’Leit gewuer ginn, dass den Ënnergang vun der réimescher Kultur net op eng eenzeg Ursaach zréckgefouert ka ginn. Weder war et déi dacks ugeschwaten Dekadenz vun den ieweschte Schichten nach d’Opkomme vum Chrëschtentum, déi aleng responsabel fir den Zerfall vum grousse Räich waren. Eng Rëtsch weider Faktoren gouf an den Ausstellungen plausibel gemaach.

An deenen zwee Muséeë goufen impressionnant Objeten aus der Réimerzäit gewisen: Bijouen, all méiglech Geschier, Waffen a Grafsteng. An där Zäit, wéi zu Tréier réimesch Keeseren gewunnt a regéiert hunn, war Augusta Treverorum déi gréisst Stad nërdlech vun den Alpen, also eng richteg Weltstad.

Niewent der Visitt an de Muséeën blouf nach genuch Zäit, sech zu Tréier an engem Restaurant verwinnen ze loossen oder d’Geschäftswelt z’exploréieren. No dësem flotten Dag war dee klengen Ausfluch sécher net dee leschte gemeinsame Projet vun den dräi Klibb.