Tour duerch d’Kasematten

D’Asbl „Koplescht – fréier an hott“ hat op een Tour duerch d’Kasematte vun der Stad Lëtzebuerg invitéiert. Eise Guide, de Romain Schaus vun de „Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg“, huet eis dofir de Fort Lambert am Stater Park an de Fort Olizy hannert der Roude Bréck opgemaach.

De Fort Lambert war beim Bau vum Parking Monterey zum Deel ausgegruewen an an d’Rei gemaach ginn. Do si mir duerch ënnerierdesch Gäng gelaf a koume bannen am fënnefeckege Réduit Lambert eraus, deen de Vauban 1685 baue gelooss hat. Dee selwechte Vauban hat virdrun op Uerder vu sengem Kinnek, dem Louis XIV, d’Festung belagert a beschoss. An de Joerhonnerten dono hu fir d’éischt d’Éisträicher an dunn d’Preisen de Réduit weider verstäerkt.

Dono huet den Tram eis op de Kierchbierg bruecht, wou mir beim Funiculaire erof an d’Iwwerreschter vum Fort Olizy geklomme sinn – ee weidert Wierk vum Vauban, deen hei ee schwaache Punkt vun der Festung ausgebaut huet, deen him virdrun bei der Belagerung opgefall war. Eise Guide huet eis ënnerwee vill interessant Anekdoten aus der Festungszäit gezielt, déi och emol weisen, dass déi „gutt al Zäite“ guer net esou schéi waren, wéi en se haut gemaach ginn. Eng ganz Partie Ausdréck sinn awer aus den alen Zäiten an eis haiteg Sprooch iwwergaangen, déi zum Deel aus dem Liewe vun engem Festungszaldot hierkommen: ofblëtzen, een op der Pan hunn…

Um Enn vun eisem Tour, bei deem mir d’Éier haten, op d’mannst d’Halschent vun de Spannen aus der Stater Ënnerwelt kennen ze léieren, huet eise Grupp sech an engem Kierchbierger Restaurant erëmfonnt, fir den Owend nach gemittlech zesummen ze verbréngen.