Op Exploratioun duerch de Mamerdall

D’A.s.b.l. „Koplescht – fréier an hott“ hat ufanks Juli op een Trëppeltour duerch den ieweschte Mamerdall invitéiert. Gutt 30 Leit si vun der Drëps aus, enger fréierer Quell, déi an d’Kielbaach leeft, erop an de Juckelsbësch op den Décke Fiels geklommen, fir do d’Iwwerreschter vun enger Fliehbuerg ze kucken. Déi kleng Befestegung kéint nach an der Eisenzäit oder dono ënnert de Réimer gebaut gi sinn.

Dono goung den Tour hannert der Neimillen erlaanscht de Mamerdall erop Richtung Gaaschtmillen. Ënnerwee goufen et eng sëllegen Erklärungen iwwert d’Planzen an de Bësch mat sengen Déieren. Un engem Hieselter hu mir Zigare gesinn, déi e Kiewerlek gerullt huet, fir do seng Eeër ënnerzebréngen. Dono si mir laanscht eng gëfteg Raritéit gaang, engem Fäischel, dem Seidelbast op Däitsch. Impressionant ass och ëmmer nees de Bichebësch, deen et esou ausserhalb vun Europa néierens an dëser Form gëtt. Mee de Manktem u Waasser ass am Moment ee grousse Probleem fir déi Beem. Dowéinst ginn och d’Dännebëscher méi séier Affer vum Borkenkäfer.

Fir hannescht bei d’Thillsmillen huet de Grupp missen zum Deel laanscht d’Strooss goen, déi vu Mamer op Koplescht féiert. Glécklecherweis war déi Zäit, engem Sonndemëtten, e bësse manner Verkéier.

Op der rietser Säit vum Dall goung de Wee duerch een déiwen Aschnëtt am Fiels an dono iwwert een Damm. Dës opwänneg Aarbechte ware kuerz virum Éischte Weltkrich gemaach ginn, fir do op schmueler Spuer eng Eisebunn vum Stater Rollengergronn aus iwwer Buer bis op Näerden fueren ze loossen. Et war souguer eng Kopleschter Gare virgesinn, op der Héicht vun der Neimaxmillen, eng Partie Kilometer vum Duerf ewech. Een Zuch huet déi Streck, déi ni fäerdeg gebaut gouf, allerdéngs ni gesinn.

Ënnerwee goung dacks rieds vu Millen. Där goufen et eng ganz Rei am Mamerdall. Déi eng goufe vum Waasser aus der Mamer ugedriwwen, déi aner vu Waasser aus Niewebaachen. Déi vill Quelle weisen op eng geologesch Besonnegheet vum Mamerdall hin: hei leeft op den zwou Säite vum Dall Waasser erof. An aneren Däller zu Lëtzebuerg fënnt een ëmmer nëmmen op enger Säit vum Dall Quellen.

Zum Schluss gouf et ee grousse Merci un de Jos Junck an de Jean Weiss fir hir fachlech fondéiert Erklärungen ënnerwee. Als nächst Aktivitéit wäert de Veräin ufanks November zesumme mat der Mamer Geschicht Asbl an der Kopleschter KulturAsbl een Ausfluch op Metz ubidden. Weider Informatiounen ginn et op www.koplescht-bridel.lu oder ënner contact@koplescht-bridel.lu.