Vun de Mamerleeën op den Hunnebuer

Mëtt Juli hat de Veräin „Koplescht – fréier an hott“ op säin Trëppeltour invitéiert. Gutt zwou Dose Leit hu sech beim Klaushaff an der Gemeng Helperknapp op de Wee Richtung Mamerleeë gemaach, direkt iwwer der Uertschaft Schëndels. Do si kuerz Visitte gemaach gi vun der Huellee an der Salle Grégoire, enger Grott, déi no engem fréiere Minister genannt ass. Dës Hielen hunn en natierlechen Ursprong, goufen dono awer als Steekoll fir Millesteng benotzt. Hautjesdaags si si en Doheem fir déi eenzeg Mamendéieren, déi fléie kënnen, fir d’Fliedermais.

Dono si mir erof op den Hunnebuer gaangen, eng beléifte Picknickplaz am Äischdall, wou jiddereen eng kleng Erfrëschung krut. Ënnerwee am Bësch hunn de Jos Junck an de Jang Weiss sëllech interessant Erklärungen iwwert d’Geschicht an d’Natur vun der Ëmgéigend ginn. Doduerch hu mir Saachen an Uecht geholl, wéi den Happ ronderëm en Hielenter, d’Bommelen op enger Päerdsbiersheck oder en Aaschtert („Bergahorn“) virum Bichebësch, laanscht déi mir soss blann gelaf wieren. A wat Härgottsbeton ass, si mir och gewuer ginn, wéi mir e Stéck dovun am Grapp gehalen hunn.

E flotten Ausfluch, bei dem d’Wieder wonnerbar matgespillt huet.