„Koplescht – fréier an hott“ um Tour

Vum Klaushaff op Aansebuerg

„Koplescht – fréier an hott“ um Tour

Den traditionellen Fréijoorstour vun der Asbl „Koplescht – fréier an hott“ huet dëst Joer bei héichsummerlechen Temperaturen an d’Géigend vun Aansebuerg gefouert. Lass goung et beim Klaushaff, net wäit ewech vu Schëndels. Den Numm weist nach haut drop hin, datt fréier do een Eremit gelieft huet.

Iwwer d’Felder goung et dunn op d’Kopp Buerggruef, wou nach Iwwerreschter vun enger aler Fliehbuerg ze erkenne sinn. Do sinn an den ënneschte Buedemschichten Schierbelen aus der Zäit vun der Bandkeramik-Kultur fonnt ginn. Um Fiels vun der Reiterlee bidd sech ee wonnerbare Bléck an de Märjendall a bis op déi aner Säit, op Huelmes. D’Klouschter Märjendall gouf zur Zäit vun der Gräfin Ermesinde gegrënnt. Déi bekanntsten Nonn war deemools sécher d’Yolanda vu Veianen. Ufanks vum 20. Jorhonnert waren déi Wäiss Pateren, ee Missiounsuerden, an de Gebailechkeeten. Haut gëtt de Site geréiert vum SNJ, dem Service national de la Jeunesse. Op der Reiterlee gouf natierlech d’Seeche vum dapere Ritter gezielt, deem säi Päerd mam Huffeisen um Fiels Spueren hannerlooss huet, déi nach haut ze gesi sinn.

Dono, ënnerwee am Bësch, war et trotz der grousser Hëtzt deen Dag agreabel kill. Leider sinn och un de Beem schonn d’Suitte vum Klimawandel däitlech ze gesinn. Um Enn vum Ausfluch hu mir nach een Tour duerch d’Gäert vum Aansebuerger Schlass gemaacht, laanscht d’Uebstbeem, d’Rousestäck an d’Statuen aus der griichescher Mythologie. Aussergewéinlech ass déi 200 Meter laang Allee aus Hobichen direkt niewent der Äisch, eng wonnerbar Plaz fir do am Summer bei grousser Hëtzt ze flanéieren. Zum Schluss hunn d’Leit dem Jos Junck an dem Caroline Steffen ee grousse Merci fir hir Erklärungen iwwer d’Geschicht an d’Natur gesot.

http://www.koplescht-bridel.lu