D’Chorale Lellig-Manternach huet dem Jos Turpel fir séng 85 gratuléiert

Viru kuerzem konnt de Schmadd vu Lellig, deen niewebäi och nach President vun der Chorale vu Lellig ass, bei beschter Gesondheet säi 85te Gebuertsdag feieren. D’Sängerinnen a Sänger vun deenen zwou Choralen, déi zanter 25 Jar zesumme sangen, haaten drop gehalen fir dem Jos Turpel ze gratuléiren an hunn hie bei sénger Duechter Josée iwwerrascht. Dobei sinn si vum Dechen Claude Bache ënnerstëtzt ginn. Nodeems si dem Jubilar e Liddchen dat extra fir hie geschriwwe gi war, gesongen haten, huet d’Alix Klein eng Laudatio gehalen. Duerno huet de Schmadd eng grouss Corbeille mat allerhand gudde Saachen an e Bong fir mat sénger Fra gutt eessen ze goen, iwwereecht kritt. Och d’Madame Turpel huet mat engem Bouquet Blumme merci gesot kritt. De Jos war iwwerrascht a frou iwwer dëse klengen Iwwerfall an huet versprach, sou weider ze maache wéi bis elo. D’Famill Turpel huet sech mat allerhand Schneekereien an engem gudde Patt räichlech revanchéiert. Merci dofir an „ad multos annos“ Schmadd.