Wonnerbar restauréiert Gefierer um Internationalen Traktertreffen
um weitere Bilder zu sehen.
Léiler: All zwee Joer organiséieren "d'Schlepper Oldies Éislék" hirt traditionellt Traktertreffen zu Léiler. Esou wi och dest Joer um Weekend vum 10. August, wou ganz vill Oldtimerferventen vun Trakteuren komm waren, fir hir schéi Gefierer och ze presentéieren. Mat engem flotten Tour um Sonnden de Moien, an dat iwert 20 Kilometer duerch di schéin Natur vun der Ëmgéigend vu Léiler waren di verschidden Trakterfrënn och ganz stolz fir de Leit an denen verschiedenen Dierfer hirt Gefier ze weisen. Géint Nommëtteg war de Grill an d'Friteuse voll beschäftigt an huet och niewt engem gudee Patt keen Honger braucht ze leiden. A Reih a Glid stongen Trakteuren prëtt fir dem interesséiertem Publikum zur Show ze stellen. Mat engem klengen Undenken a Form vun enger Plakette gouf den vielen Oldtimerfrënn och Merci gesoot, Op alle Fall war desen ganz gut organiséierten Dag eng gut Geleeënheet fir ënner Oldtimerfrënn zesummen ze sin a fir den Organisator elo schon eng Virfreed fir an zwee Joer esou engt schéint Fest nees am Éislék ze organiséieren. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)