Conveniat vun den Aackerbauschüler 1964-65

Dëse Samsdeg 21. Abrëll haten sech déi fréier Klassekomerode vun der Promotioun 1964-65 aus der Aackerbauschoul fir hiren traditionelle Conveniat getraff. De Kolleg Georges Kremer, deen d’Organisatioun iwwerholl haat, haat mat der Visite vum Uerschterhaff bei Lampech e gudde Choix getraff. D’Famill Van de Sluis, déi fréier hei konventionell Landwirtschaft bedriwwen huet, produzéiert haut als eenzege Betrib zu Lëtzebuerg zanter 1996 Fäerdegwues (Rollrasen). Donieft huet si et fäerdeg bruet, patentéiert Spezialmaschinnen ze entwéckelen, déi an d‘Ausland exportéiert ginn. No der héich interessanter Virstellung vum Betrib ass et mat praktesche Virféierungen um Terrain weidergaangen a jiddferee konnt sech e Bild vun der Komplexitéit vun dëser Produktioun maachen. Beim Apéritif, deen d’Famill Van de Sluis generéis zum Ofschloss offréiert huet, ass du nach weider gefachsimpelt ginn. Duerno ass et op Lampech an de Restaurant Müller gaangen, wou en excellente Menu zervéiert ginn ass. De Conveniat ass mat villen Erënnerungen an Anekdoten aus der Studentenzäit zu Enn gaangen. E Wuert vu Matgefill a Solidaritéit ass awer och un de Kolleg Willy Van Den Berkmortel adresséiert ginn, deen op dësem Dag séngem Jong Frank, deen op eng tragesch Aart a Weis ëm d’Liewe komm ass, huet missen e leschten Äddi soen.