85 Joer-Feier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg

Am Joer 1938 huet den Albert Moes zesumme mat e puer Accordeonisten den éischten Accordeons-Orchester am Land gegrënnt : d’Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL). An de Joren a Joerzéngten duerno hat seng Formatioun vill Succès uechter Europa. Si huet bei Europa- a Weltmeeschterschaften excellent ofgeschnidden.

Am Joer 1974 huet de Félix Hausemer, bis dohinner Accordeonist, d’Leedung vum Orchester iwwerholl a während laange Joren bis 2011 dirigéiert. De 4. März 2011 huet hien d’Baguette un de Romain Kraus iwwerginn.

De Juli 2022 ass de Raymond Mahnen, (Éiere-)President vun der SMAL zënter 1995, gestuerwen. De Marc Thill, Generalsekretär vun der UGDA, huet am Hierscht 2022 d’Mandat vum President acceptéiert.

Desen eelsten Accordeons-Orchester hei am Land, deen zënter 1940 an aktuell nach als eenzege bei der UGDA federéiert ass, besteet also elo zënter 85 Joer.

Fir dat éierbar ze feieren, huet d’SMAL um Ufank vun der Summervakanz an den Alen Tramsschapp op eng “Journée de l’Accordéon” invitéiert. Deen Dag stoung ënnert dem Patronage vun der UGDA a vun der Stad Lëtzebuerg. A senger Begréissung huet de President Marc Thill dem Éiregaascht, der Madamm Simone Beissel, mat engem flotte Bouquet en häerzleche Merci gesot fir d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng, d. h. fir d’Benotze vum Tramsschapp a fir den Éierewäin, deen um Enn vun der Journée de l’Accordéon offréiert gouf.

Mat engem Concert-Apéro huet d’ “Harmonie Municipale Luxembourg-Limpertsberg” ënnert der Leedung vum Här Christian Block de Sonndeg musikalesch ugefaangen. Mat bekannte Melodien hu si de Public ënnerhalen.

Nom Mëttegiesse koum den Accordéon esou richteg zur Geltung.

Den “Harmonikaverein Salzstetten-Tumlingen” aus dem Schwarzwald (D), mat deem d’SMAL Kontakt krut iwwert Accordeonisten, déi sengerzäit zu Freudenstadt am Orchester aktiv waren an elo bei desem Veräin matspillen, huet ënnert der Direktioun vun der Madamm Birgitt Schittenhelm bannent enger Stonn zu Gehéier bruecht, wat een alles aus dem Instrument Accordeon eraushuele kann, dorënner Filmmusek, Tangoën, Evergreens, asw., dorënner war en Highlight “La Storia” vum Jacob de Haan.

Duerno war d’Rei um Akkordeon-Orchester “Frohe Klänge” Idesheim-Ittel-Hofweiler (Bitburger Land, D) fir – ënnert der Leedung vum Här Tom Conrad, en Accordeonist bei der SMAL – mat hirer Auswiel vun Arrangementer a Kompositioune fir Accordeon den Nolauschterer eng Freed ze maachen, ënnert Anerem mat Film- a Popmusek, en Udo-Jürgens-Medley, asw. .

Schliisslech war et um Akkordeonorchester Menningen/Minden (Eifelkreis Bitburg-Prüm, D) – deen och vum Här Tom Conrad dirigéiert gëtt – fir den Nomëtteg musikalesch ofzeschléissen. Och si konnte mat diverse beschtbekannten Titelen aus Pop- a Filmmusek (Flashdance, Nossa, asw.) iwwerzeegen.

Zum Ofschloss vun deem memorabelen Dag gouf den Éierewäin, gestëft vun der Stad Lëtzebuerg, zervéiert.