Cæciliefeier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg

Eng bronze Medail a Reprise vun der Museksschoul


Bei engem gudde Maufel op der Cæciliefeier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL) war eng gudd Geleeënheet, fir op dat vergaangen Aarbechtsjoer zréck ze kucken. Am Juli huet d’SMAL hir 85 Joer Bestoe gefeiert, dat mat der “Journée de l’Accordéon” am Tramsschapp, wou Gäscht aus Lëtzebuerg an aus Däitschland mat gefeiert hunn. Et war awer och d’Geleeënheet fir e klengen Ausbléck ze maachen op dat, wat kuerz- a mëttelfristeg am Orchester lass ass.

No jorelaanger Paus mécht d’SMAL hir Musekssschoul nees op. Hiren Instruktor ass de Mher Mkrtchyan, Titulaire vum “Premier Prix” am Escher Conservatoire. Bei der Cæciliefeier huet de Mher säi Kontrakt mat der SMAL ënnerschriwwen.

Duerno huet de President Marc Thill dem Eliane Weis, Accordeonistin a Co-Sekretärin, eng bronze Medail iwwerreecht fir hatt fir 10 Joer Activitéit an der SMAL ze éieren.

Nom Dessert war et um Mher Mkrtchyan fir d’Gesellschaft mat Chansons a klassesche Melodien z’ënnerhalen.

[Detailer iwwert d’Museksschoul op accordeon.lu]