Caeciliefeier vun der SMAL mat Medaille fir verdéngschtvoll Aktiver

Bei der Cæciliefeier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg huet den neie President Marc Thill nach emol un den am Juli 2022 verstuerwene President Raymond Mahnen erënnert. Duerno huet hien e puer vun den Iddië presentéiert, mat watfir Aktivitéiten d’SMAL am nächste Joer kann an der Öffentlechkeet optrieden.

Fir hiirt Engagement an hiren Äifer an däer méi schwiereger Zäit no der Pandémie sot de President dem Dirigent Romain Kraus grad wéi den Accordeonistinnen an Accordeoniste Merci an huet dann e gudden Appetit gewënscht.

Beim Dessert hunn de President Marc Thill an den Dirigent Romain Kraus Auszeechnunge vun der UGDA un 3 Aktiver iwwerreecht:

Mher Mkrtchyan (Insigne fir 5 Joer), Antonio Moreira (Médaille de mérite en argent fir 20 Joer), a Guy Schmit (Médaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Joer).


www.accordeon.lu.