Caeciliefeier vun der « Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg »

Bei der Cæciliefeier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg an der Brideler Stuff huet de President Raymond Mahnen niewent de Musikantinnen a Musikanten och d’Famill an d’Bekannte begréisst, déi de läschte Sonndeg gehollef hu bei der Journée de l’accordéon am Alen Tramsschapp, déi vun der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg organiséiert gouf.

Fir hiirt Engagement an hiren Äifer an der méi schwiereger Zäit vun der Pandémie sot de President dem Dirigent Romain Kraus grad wéi den Accordeonistinnen an Accordeoniste Merci an huet dann e gudden Appetit gewënscht.

Beim Dessert hunn de President, den Dirigent an den Här Marc Thill (UGDA) Auszeechnungen u 6 Musikantinnen a Musikanten iwwerreecht:

Helmut Esslinger (Insigne fir 5 Joer), Irène Goergen-Nau an Tom Conrad (Médaille en bronze fir 10 Joer), Maggy Diedrich a Vic. Kolb (Médaille en vermeil fir 30 Joer) an Danielle Ludwig (Médaille en vermeil avec palmette fir 40 Joer).


www.accordeon.lu.