D’'Accordeonisten aus der Stad freeë sech op méi Aktivitéiten dëst Joer.

Bei senger Begréissung an der rezenter Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg (SMAL) huet de President Raymond Mahnen den Aktiven an de Membre Merci gesot fir d’Aarbecht an d’Ënnerstëtzung am vergaangenen Aarbechtsjoer.

Mat sengem Rapport dokumentéiert den Dirigent Romain Kraus a senger Qualitéit als Sekretär, datt d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg mat 2021 een – Covid-bedéngt – moert Joer hanneru sech huet. De Comité war 5 Mol beienee fir d’Gestioun vum Veräin an d’Journée de l’accordéon am November z’organiséieren.

Wat déi musikalesch Activitéiten ubelaangt, si just 32 Prouwen an 1 Concert (“An de Wisen” zu Betebuerg) opzezielen. D’Iechternacher Sprangprëssëssioun, bei däer d’SMAL traditionnell matmécht, huet bekanntlech mussen ausfalen. Speziell ervirzesträichen wir dann d’Organisatioun vun der Journée de l’accordéon Enn November ënnert dem Patronage vun der UGDA a vun der Stadt Lëtzebuerg.

De President huet den 4 äifregste Musikante eng kleng Unerkennung iwwereecht: den Hendrik Van den Bulcke huet déi meescht Presenzen (100%) opweises, op 2. Plaz ex aequo de Vic. Kolb an d’Danielle Ludwig (91%), an d’Eliane Weis op der 3. Plaz.

E grousse Merci gëllt alle Musikantinnen, Musikanten an dem Comité fir hiirt Engagement an déi gudd Ambiance am Veräin. Mercië goungen un de Vic. Kolb fir säin Asprangen als “Sous-Chef” wann den Dirigent emol verhënnert ass, dem Guy Schmit fir d’Editioun vun de Memberskaarten a fir d’Sonorisatiounsmaterial bei eise Concert-ën, an un d’Danielle Ludwig fir d’Homepage a fir d’Editioun vum Veräinsblad “d’Quëtschbloder”.

A Vertriedung vum Tresorier Brice Junius huet de Romain Kraus duerno de Keessebestand presentéiert. D’Keess gouf exemplaresch gefouert an d’Finanze si méi wéi nëmme gudd. D’Keesserevisoren, de Vic. Kolb an den Hendrik Van den Bulcke, hunn dat confirméiert an der Assemblée proposéiert, dem Tresorier d’Decharge ze ginn, wat d’Assemblée eestëmmeg gemaach huet.

De Comité krut och d’Decharge fir seng Aarbecht.

Fir d’Deelerneierung vum Comité waren d’Mandater vu Monique Feitler a Brice Junius z’erneieren. De Comité setzt sech zesummen aus Fernand Buchholtz, Monique Feitler, Brice Junius, Romain Kraus, Raymond Mahnen a Guy Schmit.

Fir 2022 besteet eng Hoffnung op méi Aktivitéiten: am Agenda sti bis elo e Concert zu Befort (9. Mai), e Concert zu Menningen an Däitschland (12. Juni) an d’Participatioun bei der Iechternacher Sprangprozessioun.

Den Här Marc Thill (UGDA) huet a senger kuerzer Usprooch ënnerstrach, wéi an desen Zäite vu Krisen Ooflenkung gebraucht gëtt. Dofir ass d’Kultur am Generellen – an d’Musek am Speziellen – esou wichteg. Den Här Thill encouragéiert all Aktiv vun der SMAL, fir weiderhin am Orchester aktiv ze sinn. Och wann d’SMAL elo als eenzeg Accordeons-Formatioun an der UGDA federéiert ass, soll d’Journée de l’accordéon all 2 Joer vun hir organiséiert ginn.

D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.