En Nomëtteg am Zeeche vum Accordeon mat senge verschiddene Facetten

Ënnert dem Patronage vun der UGDA a vun der Stad Lëtzebuerg war e Sonndeg, 21. November am Alen Tramsschapp d’Journée de l’accordéon, dëst Joer organiséiert vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg.

Nodeems de President Raymond Mahnen d’Éiregäscht, d’Mme Simone Beissel vun der Gemeng Lëtzebuerg, d’Häre Josy Kontz a Marc Thill vun der UGDA, begréisst an dem Publikum e flotten Nomëtteg gewënscht huet, war et un der Société Municipale “Les Amis de l’Accordéon” vun Esch/Uelzecht – ënnert der Leedung vum Daniel Pagliarini - fir ë. A. mat Walzer, Tango, Polka a Melodien vum Gilbert Bécaud Stëmmung ze maachen.

Duerno ass den Akkordeon-Orchester “Frohe Klänge” vun Idesheim, Gäscht aus Däitschland, opgetrueden. Den Alexander Konrad a seng Formatioun hunn de Publikum begeeschtert mat Melodien vum Ennio Morricone, vum Jacob de Haan, mam Tango “Jalousie”, mat engem Medley vun däitsche Schlager a Bella Ciao an Aneren.

Den Accordeon ass gréisstendeels bekannt als Instrument bei Balen, an de Guinguettes oder bei Volleksfester. D’Journée de l’accordéon war eng gutt Geleeënheet fir den Accordeon bannent der klassescher Musek ze présentéieren. Dat hunn de Mher Mkrtchyan (SMAL) an de Frin Wolter gewise mat hire Solo-Stécker wéi Traditionals aus Finnland, Bulgarien a Rumänien, grad ewéi Kompositioune vum Maurice Ravel a Semyonov.

Um Enn war et un der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg, dem eelsten Orchester am Land, deen et zënter 1938 gëtt, fir hire Bäitrag ze leeschten. De Romain Kraus a seng Equipe hunn en Tour duerch Musicals wéi “The Fiddler on the Roof” oder “Cabaret” gemaach. D’Valse “Sous le ciel de Paris” oder ee Medley vu Boney M.-Disco-Titelen hunn net duerfe feelen. Klasseschen Héichpunkt ware bekannte Melodine aus Verdi-Operen ier mam Marsch “Salto Mortale” e schmëssege Schlusspunkt gesat gouf. Bei den “Erinnerungen an Zirkus Renz” hu sech ganz besonnesch déi jonk Virtuosen bei der SMAL ervirgedoen.

Den Här Marc Thill (UGDA) war begeeschtert dervun, wéi dee ganzen Nomëtteg laang mat desem Festival gewise gouf, datt den Accordeon en Instrument ass mat ville Méiglechkeeten, déi iwwert déi reng Kiermesmusek eraus geet.

Den Dirigenten huet de Raymond Mahnen e schéine Bouquet iwwerreecht fir hinne Merci ze soen.

Fir den Nomëtteg ofzeschléissen huet d’Stad Lëtzebuerg den Éirewäin spendéiert.