Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg

De Juli gëtt mat der “Journée de l’Accordéon” 85 Joer gefeiert.

Bei senger Begréissung an der Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg (SMAL) huet de President Marc Thill festgestallt, datt hien nach virun engem Joer a senger Qualitéit als Vertrieder vun der UGDA nogelauschtert huet, wéi den deemolege President Raymond Mahnen d’Generalversammlung opgemaach huet. Nodeems de Raymond am Juli 2022 gestuerwen ass, huet de Comité vun der SMAL hie gefrot fir neie President vun der SMAL ze ginn. Hien huet des Aufgab ugeholl aus verschiddenen Uersaachen: Accordeonspillen ass eng lëtzebuerger Traditioun, d’SMAL ass ee Lamperbierger Veräin an als Lamperbierger war hie bereet, fir des Charge unzehuelen.
Hien huet och e klengen Ausbléck op dat ginn, wat hien zesumme mam Comité an de Musikante wëlles huet, fir am Wandel mat der Continuitéit ze liewen an nei Weeër fir den Accordeon ze fannen. Um Enn huet hien den Opruff gemaach : “Loosse mer eis Vergaangenheet éieren an eis Zukunft nei erfannen ! Nëmmen esou komme mer virun – am Liewen a mam Accordeon.”
Mat engem Merci fir déi Aktiv a fir d’Membere vum Comité fir d’Aarbecht an d’Ënnerstëtzung am vergaangenen Aarbechtsjoer huet hien d’Wuert un de Romain Kraus ginn, deen als Sekretär de Bilan vun allen Aktivitéite gezunn huet.
De Comité war 8 Mol beienee fir d’Gestioun vum Veräin an d’Organisatioun vun de Feierlechkeete fir d’85-jähregt Bestoen op der Journée de l’accordéon am Juli 2023 virzebereeden.
Wat déi musikalesch Aktivitéiten ubelaangt, si 35 Prouwen a just 5 Concertën an d’Iechternacher Sprangprëssëssioun, bei däer d’SMAL schonn zënter 1983 matmécht, opzezielen.
An der Moyenne loug d’Presenz bei de Prouwen & Concertë bei 80%, an 8 Musikanten ware méi wéi 80% dobäi.
De President huet den 3 äifregste Musikante eng kleng Unerkennung iwwereecht: den Hendrik Van den Bulcke huet déi 3.meescht Presenzen opweises, op der 2. Plaz de Guy Schmit, an de Vic. Kolb op der 1. Plaz.
Nodeems de Sekretär eestëmmeg d’Decharge fir säi Rapport kritt huet, huet den Tresorier Brice Junius duerno de Keesebestand presentéiert. D’Keess gouf exemplaresch gefouert an d’Finanze si gudd. De Keeserevisor, den Hendrik Van den Bulcke, a sengem an am Numm vum verhënnerte Vic. Kolb, huet dat confirméiert an der Assemblée proposéiert, dem Tresorier d’Decharge ze ginn, wat d’Assemblée eestëmmeg gemaach huet. D’Mandat fir déi zwee Keeserevisoren gëtt verlängert.
De Comité krut ebenfalls d’Decharge fir seng Aarbecht.
Fir d’Deelerneierung vum Comité waren d’Mandater vu Romain Kraus, Eliane Weis a Marc Thill (Mandat vum verstuerwene Raymond Mahnen) z’erneieren. Per Acclamatioun huet d’Assemblée dat confirméiert. De Comité setzt sech elo zesummen aus Fernand Buchholtz, Monique Feitler, Brice Junius, Romain Kraus, Guy Schmit, Marc Thill an Eliane Weis.
Am Programm fir 2023 sinn e puer Concert-en ze vermierken – an, de 16. Juli 2023 am Alen Tramsschapp um Lamperbierg, op der Journée de l’accordéon feiert d’SMAL hiirt 85-jähregt Bestoen.
Niewent enger Gedenkminutt fir de Raymond Mahnen an déi aner verstuerwe Memberen huet de Comité virgeschloe fir de Raymond posthum mat der Éierepresidentschaft ze éieren, wat d’Assemblée begeeschtert opgeholl huet.

D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.