Cæciliefeier vun der SMAL
Hire leschte Concert an dësem Joer hunn d’Akkordeonisten am HPPA zu Miersch gespillt an den Nolauschterer e kuerzweilegen Nomëtteg gebueden.
Owes, bei engem gudde Maufel, hunn d’Musikantinnen a Musikante vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL) hir Patréinesch, d’Helleg Cæcilia, gefeiert.
A senger Usprooch huet de President Marc Thill festgestallt, datt d’Concerten an den Alters- a Fleegeheemer uechter d’Land ëmmer vill Freed maachen, well d’Leit mat nationalen an internationale Melodien eng flott Ofwiesslung hunn.
D’Cæciliefeier ass traditionell d’Geleeënheet fir äifregen Akkordeoniste mat Gielercher Merci ze soe fir hiren onermiddlechen Asaz. Dëst Joer goufen et zwou “médailles Grand-Duc Adolphe” fir 50 a 60 Joer Aktivitéit.
Et war dem Marc Thill an dem Patricia Kohnkow (UGDA) eng Freed fir des Medaile vun der UGDA z’iwwerreechen. Fir 50 Joer Aktivitéit krut d’Danielle Ludwig d’Sëlwermedail Grand-Duc Adolphe iwwerreecht. Dem Romain Kraus gouf d’Goldmedail Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer Aktivitéit ugespéngelt.