Adventsaktioun vun der Par Miersch Saint François

Adventsaktioun vun der Par Miersch Saint François

D’Flüchtlingen aus der Ukrain, hei bei eis, déi wäit eweg vum Krich sinn, brauche psychologesch Hëllef

Den 22. Januar huet de Marc Crochet, vun der Caritas, den Erléis vun der Adventsaktioun 4.900 € iwwerreecht kritt. 2.900 € goufe vun der Par Miersch Saint François gesammelt, an 2.000 € si vum Mierscher Kierchechouer gestëft ginn.

Dës Suen ënnerstëtzen e ganz konkrete Projet, an zwar de Flüchtlingen aus der Ukrain psychologesch Hëllef zoukommen ze loossen. Fir dëst z’organiséiere ginn ongeféier

390.000 € gebraucht. Well déi Zomm ausschliisslech vu Spende bezuelt gëtt, ass d’Caritas op privat Hëllef ugewisen. Vum Staat kréie si fir dëse Projet keng Hëllef. E grousse Merci alle Leit déi sech heiru bedeelegt hunn.

Par Miersch via mywort