Miersch. D’Freed war grouss wéi mer e Scheck, am Kader vun der Sonndesmass, un Noël de la Rue, konnten iwwerreechen. Den Erléis vun eiser Adventsaktioun 3.860 € hunn d‘Françoise Reuter an den Xavier Hever entgéintgeholl. D’Françoise huet Erklärungen zu den Aktioune vun Noël de la Rue ginn. D‘Zomm vum Scheck koum zesummen duerch de Verkaf vu Stären aus Stoff, duerch d’Rëschte vun de Chrëschtbeemercher an och duerch den Erléis vun der Adventsfeier zu Rolleng. D’Leit aus der Par Saint François Miersch si frou duerch dëse Geste de Leit vun Noël de la Rue eng kleng Hëllef kënnen un ze bidden an dës Sue gi bestëmmt sënnvoll ugewant.
Par Miersch Saint François Miersch via mywort