De Fifty-One International an de Fifty-One Éislek spende fir d'Kannerduerf

Op der „Soirée du Bénévolat“, organiséiert vum Service Club Fifty-One International, am Kader vun hirer 1000ter "réunion statutaire", waren och sozial Organisatiounen agelueden, déi am Laf vum Joer finanziell ënnerstëtzt goufen. D’SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, vertrueden duerch de Generaldirekter Jean-Paul Karpen, krut Spende souwuel vum Fifty-One International, wéi och vum Fifty-One Éislek.

D‘SOS Kannerduerf Lëtzebuerg seet am Numm vun hire Kanner Merci fir dëse schéine Gest.