Défi LAML - 4 Schüler ënnerstëtzten d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

De Lycée Aline Mayrisch ënnerstëtzt seng Schülerinnen a Schüler vu Septième vir ee Jores-Défi ze maachen, deen zum Beispill ee solidareschen Engagement ka sinn: D’Sofia Bosco Fellens, d’Cika Marnach, d’Juliette Gerard an de Mats Spogen hu sech fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner engagéiert. D’Sofia huet 1500€ gesammelt andeems et Sponsore gesicht huet fir säin Tour de Luxembourg zu Fouss, d’Cika huet Totebags designt, produzéiert a verkaf an esou 680€ zesummebruecht, d’Juliette huet 400€ verdéngt doduerch dass hatt gebak huet an de Mats huet 1200€ duerch de Verkaf vu sengen eege gemoolte Biller erakritt. Hinne 4 ee ganz häerzlech MERCI am Num vun der Fondatioun déi d’Kanner déi Kriibs hunn an hier Familgen ënnerstëtzt an déi sech asetzt fir d’Traitementer géint de Kriibs bei de Kanner ze verbesseren.