95. Gebuertsdag vun der Madame Mathilde Lies

D’Mathilde Lies vu Manternach huet viru Kuerzem, bei gudder Gesondheet, mat hirer Famill hire 95. Gebuertsdag gefeiert.

Och de Schäfferot vun der Gemeng Manternach huet dovu profitéiert fir der Madame Lies ze gratuléieren.

Si ass de 27. Abrëll 1928 zu Manternach, als jéngste Kand vum Pierre Lies a Catherine Zimmer, op d’Welt komm.

Hir Jugend a Schoulzäit waren duerch d’Krichsjare gepräägt.

Mat vill Engagement an Devouement huet si laang Jaren hir Famill am Bauerebetrib ënnerstëtzt. Och spéider huet si hir Zäit mat Gaardenaarbecht, Liesen, guddem Kachen a Bake verbruecht.

All Dag liest si weiderhi mat groussem Interessi d’Zeitung. Si ass elo nach un de Berichter vun de Gemengerotssëtzunge vu Manternach an der Ëmgéigend interesséiert. Als gleeweg Fra biet si nach ganz vill. Fréier huet si sech och wärend ville Jaren ëm déi Manternacher Kierch gekëmmert a gehollef si ze rëschten.

Als ganz hëllefsbereet Persoun stellt si elo nach ëmmer hir eegen Interessien an den Hannergrond an huet sech ëmmer fir hir Famill agesat. Si ass stolz Urgrousstatta vum Charline, Betty, Delphine a Lucie.

All Dag freet si sech datt si nach ëmmer an deem Haus wunne kann, wou si gebuer ass, hiert ganz Liewe verbruecht huet a vu wou aus si haut nach d’Vue op hir Manternach, mat deem ale Paschtoueschhaus an der Kierch, ka genéissen.