Abschiedsfeier bei der Gemeng Manternach

De 27. Januar 2023 huet d'Gemeng Manternach dem Edy Frieres säin Abschied gefeiert. Den Edy gehéiert vun der éischter Stonn un zu der Schoul zu Berbuerg an ass doduerch bei Jonk an Al an der Gemeng bekannt. D'Gemeng Manternach seet dem Edy Merci fir seng kompetent Aarbecht iwwert all déi Joren a wënscht him eng schéin a laang Pensioun!