E gudden Drauwenhierscht an der Manternacher Fiels

Bei guddem Wieder konnt de Syndicat d'Initiatives Manternach kierzlech a séngem Wéngert an der Manternacher Fiels d'Drauwe liesen. D'Quantitéit war éier moderat, mee duerfir waren d'Drauwe käergesond an optimal zeideg. Trotz der Drechend an der Hëtzt am Summer haaten d'Riewen net gelidden an si haaten d'Grone voll mat séissem Saaft gefëllt. No der Aarbecht huet de President Josy Fisch déi fläisseg Mannschaft bei de Chalet "Fuussebau" invitéiert, wou e genëssege Buffet an e gudde Pättchen op si gewaart hunn. En décke Merci un den Aby Duhr an séng Leit, déi derfir suergen, datt de Wéngert gutt versuergt gëtt an datt um Enn en excellente Wéngchen an d'Fläsch kënnt.