Generalversammlung vum Syndicat d’Initiatives Manternach (SIM)

De Josy Fisch huet fir 30 Jar Présidence merci gesot kritt


D’Jar 2021 war beim SIM rëm gutt gefëllt mat Aktivitéiten, besonnesch beim Entretien vun de Wanderweeër. Wäit iwwer 11.000 Naturfrënn/dinne sinn 2021 um Premium-Wanderwee „Traumschleife“ an der Manternacher Fiels gezielt ginn. Dës Zuele konnt de President Josy Fisch op der Generalversammlung vum SIM verkënnegen. Begréisst goufen e.a. de Buergermeeschter Jempy Hoffmann a Membre vum Schäffen- a Gemengerot, de Claude Halsdorf a Vertriedung vum Tourismusminister, Vertrieder vun den Nopeschsyndikater, vum ORT asw. De President huet allen, déi am leschte Jar matgeschafft hunn, merci gesot, besonnesch der Gemeng an dem Tourismusministère fir hir gutt Ënnerstëtzung.

Den Aktivitéitsrapport, virgedroe vun der Sekretärin Marylène Heinz-Kayser war wéi gewinnt gutt gefëllt, mam Akzent op dem Ënnerhale vun de Wanderweeër mat allen Ariichtungen an der Lies am Syndikatswéngert. Am leschte Jar si vum SIM ronn 700 Aarbechtsstonnen an der Natur geschafft ginn. E besonnesche Merci goung un den Aby Duhr an séng Equipe, déi sech sou gutt ëm de Wéngert këmmeren.

D‘Trésorière Monique Picard konnt mellen, datt 166 Membren hiere Beitrag bezuelt hunn. D’Jar schléisst mat engem klengen Defizit of, deen haaptsächlech op d’Uschafung vun enger neier Camionette zeréckzeféieren ass. Nodeems de Keessereviseur Carlo Heinz eng virbildlech Comptabilitéit bescheinegt haat, ass de Bilan eestëmmeg ugeholl ginn.

A séngem Schlusswuert huet de Buergermeeschter dem President Josy Fisch mat séngem äerdege Comité fir säi groussen Engagement merci gesot an och weider déi voll Ënnerstëtzung vun der Gemeng versprach.

De Josy Fisch ass fir 37 Jar Asaaz am Comité, dovun 30 als President geéiert ginn an huet duerfir e Cadeau iwwereecht kritt

Am Comité sinn aktuell: Josy Fisch, Marylène Heinz Kayser, Monique Picard, Georges Konsbruck, Christiane Merten-Roth, Sylvie Molitor, Georges Oswald, Albert Schumacher, Marc Strotz, Claude Theisen, Félicie Vitali-Schneider.

D’Versammlung konnt dëst Jar rëm wéi gewinnt bei engem excellente Patt aus der Manternacher Fiels an enger klenger Stäerkung ofgeschloss ginn.