Hämmelsmarsch zu Manternach

De Manternacher Kierchepatréiner ass den Hl. Brixius. Säi Fest fällt op den 13. November. Duerfir war déi Manternacher Kiermes dëst Jar op dee Sonndeg gefall. D'Chorale Manternach-Lelleg ass wéi gewinnt de Samsdeg virdrun duerch d'Duerf getrëppelt fir déi al Traditioun ze erhalen an den Hämmelsmarsch ze sangen. E grousse Bravo dem Schmatt Jos Turpel vu Lelleg, dee mat séngen 90 Jar déi néng Kilometer biergop a biergof matgaangen ass a kräfteg matgesongen huet.