Journée de la Commémoration nationale an der Gemeng Manternach

E Sonndeg, den 9. Oktober 2022 war den nationale Commémoratiouns-Dag.

Als Erënnerung un d'Zäit vun der Occupatioun vun 1940 - 1945 sinn, no der Mass zu Lelleg, an deene 4 Dierfer vun der Gemeng Manternach Gerben niddergeluecht ginn an et ass deene Leit geduecht ginn, déi fir d'Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun eisem Land gekämpft an dobäi hirt Liewe gelooss hunn.