Mat enger neier Camionette an dat nächst Jarzéngt

De Syndicat d’Initiatives Manternach (SIM) huet seng nei Camionette ageweiht.


D’Auswierkunge vun der Pandemie haaten et mat sech bruecht, datt et onendlech laang gedauert huet, bis dat neit Gefier, dat sechs Sëtzplazen huet, endlech geliwwert konnt ginn. Dëse Mëttwoch ass et ageweiht an a Betrib geholl ginn. De President Josy Fisch konnt eng ganz Parti Éieregäscht begréissen, e.a. de Minister fir Tourissem Lex Delles, de Buergermeeschter Jempi Hoffmann mat Schäffen a Gemengeréit, den Deche Claude Bache, d’Madame Sandra Gales vum ORT Miselerland, de Feeschter Luc Roeder, den Här Grün vum Garage Thommes an net zulescht d‘Comitésmembre vum SIM. Zanter iwwer drësseg Jar ass de SIM ganz staark am Entretien an Ausbau vun de Wanderweeër zu Manternach engagéiert, an duerfir huet de President a séng ärdeg Ekipp e grousse Merci souwuel vum Minister wéi vum Buergermeeschter ausgesprach kritt. Den Deche Claude Bache huet d’Gefier geseent a Gottes Seegen op déi erofgeruff, déi dermatt schaffen. D‘Vertriederin vum ORT Miselerland huet dem Josy Fisch eng schéi Corbeille fir séng 30 Jar Presidentschaft iwwereecht, an duerno war et wéi gewinnt e frout Zesummesinn bei engem gudde Patt an engem klenge Maufel am Naturzentrum „A Wiewesch“.

Foto: Jacques Frank