Eng Spend fir d'Kannerduerf

Fir säin 80te Gebuertsdag, hat den Här Germain Nestgen vum Lampertsbierg seng Famill a Frënn gefrot, eppes fir SOS Kannerduerf Lëtzebuerg ze spenden.

Esou koumen 1 800 Euro zesummen, déi viru kuerzem am Kannerduerf zu Miersch un d'Madamm Françoise Pütz, chargée de communication vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, iwwerreecht konnte ginn.

Et war net déi éischte Kéier, dass den Här Nestgen un déi Jonk am Kannerduerf geduecht huet.

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg freet sech iwwer dee léiwe Gest, a seet vu ganzem Häerz Merci.