Jazz-dancer ënnerstetzen d'Kannerduerf

De 6. Juli 2019 haten d'Dänzer, déi un de Jazz-Ballet Coursen an der Mierscher Schwemm deelhuelen, ee grousse Gala am Mierscher Kulturhaus. Entree war keng gefrot ginn, mä duerfir konnt een ee klengen Don ginn.

De 7. Oktober 2019 hunn d'Vertrieder vum Kulturhaus a vun der Schwemm dem Kannerduerf déi gesammelt 750 Euro iwwerginn.

Mir soen hinne Merci fir dëse léiwe Gest.