Firun 10 Joer huet de René Metz " d'Asbl Modellballonen Lëtzebuerg gegrënnt mat, ënner anerem, dem Zweck Spende fir eng sozial Ariichtung ze sammelen.
Hire goldgiele Ballon krut 2019 de Logo vun der " Fondatioun Kriibskrank Kanner ", an zenter dem sinn de René a seng Fra Marianne reegelméisseg mam Ballon a mat der Sammelbéchs zu Lëtzebuerg an am Ausland ënnerwee.$
Sou och leschten Sonndeg (25.01.2026) zu Waasserbëlleg an der Sportshal beim Turnéier vun de Modell-Ballon'en a Modellfligeren mat enger flotter Lasershow. Ënnert dem Applaus vun de Spectateuren huet de René METZ an d'Marianne dem Benevole vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner e Schéck vu 7000.- iwwerreecht.
E grousse Merci un déi flott Initiativ un de René Metz an u seng Fra Marianne.
Wann och Dir d’Aarbecht vun der Fondatioun ënnerstëtze wëllt, kennt dir dat mat engem Don op follgende Kont maachen: LU17 0028 14084840 0000