Lëtzebuerg-El Salvador Fondatioun huet zu Mäertert Bilan gezunn

Hire But ass et, der aarmer Bevëlkerung am mëttelamerikanesche Land ze hëllefen an do d'Wierk vum Abbé Henri Gloden ze ënnerstëtzen.

Den Henri Gloden staamt aus Mäertert a lieft zanter ronn 40 Joer am El Salvador.
En huet do ënnert anerem - an der Stad Santa Ana - e Kannerheem opgebaut, dat an de leschte Joren op Grond vun neie Gesetzer e bëssen eng aner Vocatioun kritt huet, méi am Beräich Formatioun an Atelieren, fir déi Jonk vun der Strooss ze kréien an hinne Perspektiven opzemaachen.

Am El Salvador ass d'Kriminalitéit, virun allem déi tëscht Banden, ganz héich - néierens op der Welt gëtt et eng Quote vu Morden, déi méi héich ass. Ufank 2017 huet an internationale Medien d'Nouvelle d'Ronn gemaach, datt et zanter ganz Laangem am Salvador mol nee en Dag ginn hätt, op deem kee Mord gemellt gi war ...

D'Wierker vum Henri Gloden sinn deen ee Schwéierpunkt vun der Aarbecht vun der "Fondation Luxembourg-El Salvador", deen anere si vum Lëtzebuerger Staat kofinanzéiert Projeten, zum Beispill nei Haiser fir déi ganz aarm Leit. Ausserdeem bitt se Ënnerstëtzungen, datt se eng Schoul besichen oder e klenge Business opbaue kënnen.

Den Henri Gloden ass vu Mäertert an do hu sech d'Memberen an d'Sympathisante vun der Fondatioun Enn Mäerz fir d'Assemblée générale getraff.
Och de Buergermeeschter Jérôme Laurent war present, d'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg an d'Veräiner aus der Gemeng haten d'Fondatioun 2016 mat engem grousse Scheck ënnerstëtzt - dofir soll elo am Salvador och eng Strooss no der Gemeng benannt ginn, op enger Plaz, wou nei Haiser finanzéiert ginn.

Op der AG huet de President vun der Fondatioun, de Roland Milbert, och e Bilan gezunn an déi eenzel Aarbechten opgelëscht - vu Kontakter zu aneren ONGen an dem Staat iwwer Scheckiwwerreechungen a Presencen a Schoulen, op Bazaren an anere Manifestatioune bis hin zu de Remerciemente bei Donen. D'Finanze vun der Fondatioun sinn iwwregens gesond, esou datt sech weider fir d'Leit am Salvador engagéiert ka ginn.

Intern wëll ee sech an Zukunft e bëssen anescht opstellen, fir eenzel Comitésmemberen aus Altersgrënn ze entlaaschten an déi vill Aarbecht och an Zukunft assuréieren ze kënnen.
4 Mol am Joer bréngt d'Fondatioun en Info-Bulletin eraus, deen elo am DinA4-Format erschéngt a wouran den Abbé Henri Gloden iwwert d'Situatioun am Salvador schreift. Et kann ee sech awer och per Mail drop abonnéieren (luxelsa@pt.lu).
Marteling Luc