Commemoratiounsdag zu Monnerech

Um Sonnden de Moien war wéi am ganzen Land bei schéinstem Hierschtwieder den Dag vun der nationaler Commemoratioun zu Monnerech.

De Cortège mat de lokale Veräiner ass um hallwer eelef lass gaang. Et ass duerch d'Escher Strooss an dann iwwert Rue Arthur Thinnes zeréck bei d'Kierch bei d'Monument aux Morts gaangen wou Blummen néiergelooss gi sinn an d'Buergermeeschtesch Christine Schweich eng Ried gehalen huet. Duerno ass op der Plaz en neit Monument zu Éieren vun de Monnerecher Jongen am zweeten Weltkrich offiziell ageweit ginn. Um Monument stinn all bekannten Nimm vun deene Jongen déi tëscht 1940 an 1945 an de Krich agezunn goufen. An dësen Zäiten wuel e wichtegt Zeechen an wichteg, dass jiddereen weess wéi eng Monnerecher Jongen an de Krich hu missen goen.

Um Schluss ass traditionell den Aperitif - offréiert vun der Gemeng - op de Duerfplaz zesummen gedronk ginn.