Éischten Foot-Tennis Cup zu Monnerech

Eng flott Iddi haten Seniors Réserven vum FC Monnerech déi de Samschden den 11. Juli um syntheteschen Terrain deen éischten Foot-Tennis Cup organiséiert hunn. 16 Équipen haten sech ugemellt. Et sinn 6 Terraine mat niddrege Netzer opgeriicht ginn an et ass dräi géint dräi gespillt ginn. D'Regelen sinn ähnlech wéi beim Tennis. De Ball dierf ee mol am Feld opsprangen an dann dierf de Ball maximal dräi mol verlängert ginn befiert e am géignereschen Feld landen muss.

Um 10 Auer ass et lass gaangen an an der Virronn hunn d'Équipen a véier Gruppen zwee mol géinteneen gespillt. Et ass op 15 Punkten gespillt ginn. No fder Mëttespaus wou jiddereen eppes vum Grill iessen konnt a sech e bëssen erfrëschen konnt, ass et nomëttes mat der zweeter Ronn viru gaangen. Elo ass neess a véier Gruppen jzwee mol géinteneen gespillt ginn, de Match ass elo awer bei 20 Punkten gewonne ginn.

Um Enn vum zweeten Tour wou an engem ieweschten an engem ënneschten Tableau gespillt ginn ass, sinn d'Halleffinalen gespillt ginn. Hei huet de "Progrès Déifferdeng" d'Équipe vun "Haut geet awer och alles an d'Netz" gewonnen an an der zweeter Halleffinale huet d'd'Équipe "Herren" den *FC Wiss" eliminéiert. Fir déi 7. an 8. Plaz huet d'Equipe FC Lemmy" géint den "SSC En Apel" d'Iwwerhandbehalen an "ALSS" huet géint *Beckenbauers déi 5. Plaz geséchert. An der klenger Finale ëm déi 3. Plaz huet den *FC Wiss" géint "Haut geet awer och alles an d'Netz" gewonnen. chlussendlech hunn "D'Herren" sech an enger ganz spannender Finale den "Progrès Déifferdeng geschloen.

E flotten Dag ass zu Enn gaangen an d'Organisateuren waren sech Eens, dass hir Initiative e volle Succès war deen dat nächst Joer eng ausgebaute zweet Éditioun kréien wäert.