En Beach Volley Terrain fir Monnerech

Monnerech ass em eng Attraktioun méi räich!

Effektiv, d'Gemeng huet et fäerdeg bruecht an deem neien Parc Molter en Beach Volley Terrain ze integréieren. Dat kann de Projet "Wunnen am Parc" nëmmen opwäerten an esou Jonk a manner Jonk unzéien fir sech hei sportlech betätegen ze kommen an hinnen op dee Wee e weideren flotten Treffpunkt un ze bidden. Dat huet och d'Buergermeeschtesch Christine Schweich de leschten Donneschdeg den 23. Juli bei der offizieller Aweiung gesot an hofft esou, dass d'Awunner sech nach méi wuel fillen an der Monnerecher Gemeng. Et si jo schonns vill Leit déi vum Wee ronderëm dem Park profitéieren fir mat oder ouni Hond spadséieren ze goen. An déi éischt Haiser am Park stinn jo och kuerz virun hirer Fäerdegstellung. Et soll spéider och nach e Restaurant an déi roueg Atmosphär vum Park Molter kommen. Nodeems den Terrain dann offiziell ageweit war, gouf e Showmatch gespillt. Den DJ Maximillion huet mat seng Musek fir eng gutt Stëmmung gesuergt iwwerdeems d'Leit entweder de Match gekuckt hunn oder sech bei enger Fläsch Béier oder enger Coupe Schampes ënnerhalen hunn. Z'Iessen gouf et och an d'Wieder hat sech och extra fir den Event flott eraus gefiizt. Ligestill a Sonnepräbbelien waren um Bord vum Terrain fir d'Leit opgestallt ginn an bei agreablen Summertemperaturen a knallbloem Himmel huet een sech wéi op eng Plage versat gefillt. Och duerno ass weider gespillt ginn. Et hu sech spontan Équipen zesummen gedoen fir Mätscher ze spillen. Jiddereen hat säi Spaass an bis Sonnenënnergang waren nach ëmmer Leit do.

Zu Monnerech liewen gëtt eben ëmmer méi flott.