Europadag an enger gespenstescher Atmosphäre

Et ass schonn eng gespenstesch Atmosphäre, wann een ouni Publikum eng Ried hält. De Buergermeeschter Jeannot Fürpass vu Monnerech huet de Moien, begleet vu den zwee Schäffen, de Serge Gaspar an de Claude Clemes a sécherer Distanz zoueneen virum Europafändel eng Usproch gehalen.


Nofolgend seng Wieder.

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Haut op den 9te Mee ass Europadag, dee mir hei zu Lëtzebuerg feieren als en Dag vu Fridden, Fräiheet an Eenegkeet !


Gëschter ob den Dag waren et genee 75 Joer dass de leschte Krich, mat sengen schreckleche Verbriechen, op en Enn gaangen ass, wou ronn 60 Milliounen Leit hiert d’Liewen verluer hunn a vill Misär a Leed zréck bliwwen ass.


D’Pionéier vum europäesche Geescht haten fréizäiteg erkannt, dass d’Wuerzel vun esou Kräften an Iwwel am Nationalismus leie géif!


Haut op den Dag virun 70 Joer, huet de Robert Schumann zu Paräis a senger Deklaratioun eng nei Visioun vu politescher Zesummenaarbecht an Europa virgestallt.

No dem Plang vum Robert Schumann hu 1952 Frankräich, Däitschland, Italien, Belsch, Holland a Lëtzebuerg, 6 Länner also, d’europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (CECA) an d’Liewen geruff !

Domat war de Fridden tëschen dëse Länner assuréiert an de Grondsteen zum haitegen Europa geluecht, dat an Etappen lues a lues sech weider entwéckelt huet.


E Meilesteen war an ass den Accord vu Schengen, wou de 14te Juni 1985 am Dräilännereck den Accord fir fräie Gidder- a Persouneverkéier vun der Belsch, Holland, Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland ënnerschriwwe gouf .


Schengen, steet fir oppe Grenzen an Europa !

Schengen, steet fir Fräiheet !

Schengen, steet fir Frëndschaft !


Des Fräiheeten gëllen an der Zwëschenzäit fir bal 430 Milliounen Europäer !

An dach stelle mer haut villes a Fro ! E neie Feind, de Corona-Virus, huet et fäerdeg bruecht dat mer säit 7 Wochen eis 75 Joer zréck versat fillen, mat Grenzen déi bannent vun Europa nees zou sinn !


Dat, wat 2016 bei der Flüchtlingskris nach net geklappt huet, ass e puer Joer méi spéit Realitéit ! Eng falsch Aschätzung vun der Situatioun ! Eng falsch Vermëttlung vu Sécherheet ! Et ass e falscht Zeechen vu Stäerkt !


Ass et d’Angscht virum rietse Mob?


Oder ass et d’Angscht virun dem eegene Courage !


Anescht kann een dat net erklären ! D’Bekämpfung vum Virus ass net nëmmen eng national Aufgab, mee eng weltwäit ! Léisungen mussen zesummen am europäeschem Geescht gesicht an erschaffen, an an der Solidaritéit ëmgesat ginn !


Soss hu mer definitiv näischt verstanen an aus der Geschicht näischt geléiert !

Dofir ass och d’Gemeng Monnerech solidaresch !


Symbolesch hänkt eisen europäesche Fändel vu gëschter 11:00 Auer un fir 24 Stonnen ob Hallefmast !


Esou wéi an all aner Gemeng hei zu Lëtzebuerg ! Einfach fir een Zeechen vun Eenheet a Geschlossenheet ze setzen !


Wa mer elo de Fändel opzéien, maache mer dat mam Gedanke vun engem staarken Europa !


Fräiheet, Eenegkeet a Solidaritéit an engem Europa ouni Grenzen !


Vive Lëtzebuerg ! Vive Europa !