Nationalfeierdag zu Monnerech

Den 23. Juni ass Nationalfeierdag, an do ass den traditionellen feierleche Cortège mat der Partizipatioun vun alle Monnerecher Veräiner. D'Wieder huet sech no deem ville Reen vum Virowend nawell gutt erkritt gehat an déi Wolleken déi um Himmel houngen waren ganz harmlos. D'Sonn ass sech och weise komm an esou waren vill Leit uop de Cortège komm.
Ugefouert vun der Monnerecher Musek ass et vun der Jules Bleser Plaz aus lass gaangen an duerch d'Stroossen gaangen fir nieft der Kierch beim Monument aux Morts stoen ze bleiwen wou d'Mme Buergermeeschter an seng zwee Schäffe Blummen niddergeluecht hunn befiert et e puer Schrack weider op eis iwwerdeckten Duerfplaz gaangen ass. Hei huet 'Buergermeeschtesch Christine Schweich hier Usproch gehalen an zum Ofschloss Médaillen un verdéngschtvoll Leit aus der Gemeng iwwerreecht. Duerno huet si all déi Leit déi do waren op déi offiziell Receptioun ageluede wou d'Gemeng den Éierewäin zum beschte ginn huet.