Nationalfeierdag zu Monnerech

Mir feieren dëst Joer Nationalfeierdag op eng Manéier, wéi mir alleguer et bis elo nach net erlieft hunn.

Wéinst der Pandemie konnt des Joer nëmmen e klengen Krees vu Leit drun deelhuelen, dat war de komplette Schäffen a Gemengerot, Gemengenemployéen sou wéi Munderchinga Brass mat 6 Leit fir des Zeremonie musikalesch ze begleeden. Ergräifenden war dee Moment wou den Aly Biever mat senger Trompett „ Sonnerie aux morts“ erklénge gelooss huet.

Nodeems Blummen niddergeluecht goufen,huet de Buergermeeschter Jeannot Fürpass folgend Wieder un d’Leit adresséiert,( hei e extrae dovun).

Eppes wat mer eis bis virun e puer Méint eis nach net hätte virstelle kënnen, huet eis Gesellschaft matten an d’Häerz getraff. Déi rasant Verbreedung vun dem geféierlechen Corona-Virus huet dat ëffentlecht Liewen wärend Méint brooch geluecht. Eng ordonéiert Zwangsbremsung fir eng Vollgasgesellschaft, där u sech keng Limitten gesat waren; trotzdeem ass séier erkannt ginn, wou d’Grenzen vun eiser Gesellschaft leien.

De franséische Präsident Emmanuel Macron huet vu Krich geschwat, vun engem onsiichtbare Feind deem et heescht Paroli ze bidden, mat alle Mëttel déi eis haut zur Verfügung stinn.

Wa mer no dem Lockdown haut a Westeuropa och dat Schlëmmst iwwerstanen hunn, wësse mer trotzdeem nach net, op mer net awer nach vun enger zweeter Well vun Erkrankungen erfaasst ginn.

Mir si bis elo zu Lëtzebuerg glimpflech dovu komm, och wann 110 Leit hiert Liewen gelooss hunn. Mir bleiwen ufälleg esou laang et keng Impfstoffer, respektiv Medikamenter géint Bekämpfung vum Covid-19 gëtt. Entwécklung, Testphasen, Autorisatiounen, an Produktioun, brauch seng Zäit. Dat heescht dass mer eis nach laang mussen mat dëser neier Normalitéit offannen.

Mer mussen eis och an der Zukunft „d'gestes barrières" zu Häerz huelen, fir eis eeler a schutzbedürfteg Persounen, an eis selwer ze schützen, an eng zweet Well vun der Pandemie ze verhënneren.

Déi positiv Erfahrungen déi mer wärend dëser Krise gesammelt hunn, déi ganz besonnesch zu hirer Andämmung a Westeuropa gefouert huet, däerfen eis awer net an Euphorie verfaale loossen.

Corona huet och munches nei opliewe gelooss.Wäerter déi mer vergiess haten waren op eemol nees wichteg ! Mir haten nees Zäit. D’Famill ass erëm an de Virdergrond geréckelt, an d’Solidaritéit tëschent de Leit war exemplaresch. Dofir gëllt jidderengem en opriichtege Merci.

D’Coronakrise huet eis awer och gewisen dass d’Globaliséierung mat méi bëlleger Produktioun an d’Gier no ëmmer méi Profit, net déi richteg Äntwert op d’Erausfuerderungen an eiser Gesellschaft ass.

D’Auslagerung vun der Produktioun an Drëttlänner huet eis gewisen, wéi ofhängeg sech Europa vun anere gemaach huet. Produktioun vu liewenswichtegen Pharmazeutika, wéi Antiobiotika gëtt scho laang ausgelagert. China huet säit Joren konsequent, virun allem an Afrika, Land opkaaft a besëtzt Virrechter op vill Buedemreserven, virun allem déi, déi rar sinn,wéi Néckel, Kobalt, Lithium, asw , déi sougenannte « seltene Erde ». Och elo wou et munch Betriber net gutt geet, sinn d’Chinesen och hei an Europa nees present, fir och hei, ëmmer méi Fouss ze faassen.

Dat ass eng geféierlech Situatioun a mëcht eis ofhängeg , a virun allem ufälleg.

Wa mer aus dëser Krise léieren:

dass mer och bei eis produzéiere mussen,

dass mer de « Know how » vun den Aarbechtskräften nët verléieren däerfe,

dass déi manuell Aarbecht wäertvoll ass a respektéiert muss ginn,

dass et net nëmmen ëm d’Sucht no méi Profit geet,

dass mer nees ufänken lokal ze denken an ze handelen,

jo, dann huet déi Krise dach nach eppes Positives!

Déi zoue Grenzen hu virun allem eis Lëtzebuerger kloer gemaach, wéi ofhängeg mer vun eisen Nopere sinn.

Ouni d’Aarbechter aus de Grenzregiounen behale mer den Apparat hei zu Lëtzebuerg net méi um Lafen! Dat rifft eis virun allem de Respekt an d’Gewëssen, dee mer all déne Leit entgéint brénge mussen, déi all Dag stonnelaang ënnerwee sinn, fir bei eis schaffen ze kommen.

Wéi traureg war et dann wéi mer de 9te Mee, um Europadag, bei zouene Grenze stoungen. 25 Joer no dem Schengen-Accord haten eis däitsch Noperen Barrièren opgeriicht. Dass dat, virun allem bei eisen eeleren Generatiounen e fade Bäigeschmaach an traureg Erënnerungen ervirgeruff huet, ass verständlech. Den 8te Mee 1945, virun 75 Joer, huet Nazidäitschland nämlech, ënnert deem Lëtzebuerg schrecklech gelidden huet, zu Berlin kapituléiert. An och, den 10te Mäi 1940, also virun 80 Joer huet déi däitsch Wehrmacht Lëtzebuerg iwwerfall an eng Leidens- a Schreckenszäit agelaut .

D’Coronakrise huet eis och an eiser Fräiheet beschnidden, haut gesi mer wat e puer Méint Aschränkungen, Ongewëssheet an Angscht ausmaachen!

Deemools, huet déi Angscht a Schreckenszäit iwwer 4 Joer gedauert! Da solle mer haut eis Fräiheet, eis Eegestännegkeet an eise Fridden vläicht nees méi würdegen.

Haut op Nationalfeierdag ass et mer awer och en Uleies dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Häerzen zur Gebuert vun hirem klengen Prënz, dem Charles Jean Philippe ze gratuléieren.

Am Numm vun eis alleguer wënschen ech dem Groussherzog Henri an der groussherzoglecher Famill all Guddes fir Zukunft an eng glécklech Hand bei hiren Entscheedungen.

Nach bäizefügen ass dat de Servais Quintus (Déi Gréng) den 10te Juli fir 25 Joer Gemengepolitik vun der Madame Innenminister Taina Bofferding geéiert geet.